Zoufällegerweis zum Artist ginn

Et war ee Mol en Graphiker, verstoppt hannert engem Computer, Blieder an Bleistëfter. An dann, an engem ganz normalen Dag wei all déi aner, ass en an d’Höhl vum Wäissen Hues gefall.

Säit dem Dag sinn ech bei Boucherat Sàrl gelant, de Leader vum Grand-Duché am Beräich vun der Dekoratioun an vun der Animatioun. Am Ufank war ech en ganz normale Web Designer a mat der Zäit Schrëtt vir Schrëtt an d’ Entdeckung an d’magesch Welt.

2010 hat ech d’Chance beim MILLENIUM matzemaachen.Jam, den groussen Evenement am Beräich vun den Ballonen. Des Bestëmmung huet mir d’Aen opgemaach an gewisen, dass hannert engem einfachen Ballon sou vill Méiglechkeeten hannendrun stiechen an dat dank deenen genialen Artisten deenen ech do begéint sinn.

No jorelaangem Training a Verbesserung hunn ech erëm beim Millenium Jam 2015 matgemaach. Inspiréiert duerch d Gigante vum Balloon Art wei den Phileas Flash an den Rob Balchunas, hunn ech, Jooe, decidéiert, meng Imaginatioun op fräiem Laf ze loossen an Iech eng grouss Freed ze maachen.

Grousses waart op eis!